retour au calendrier  

`Lëtzebuerg, e koloniale Staat?`



{ conférence }
jeu. 2.6   [ 18:00 ]  
     Salle José Ensch


Kéint Lëtzebuerg eent vun de wéinege Länner an Europa sinn, dat keng kolonial Vergaangenheet hätt? Dëst Thema iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg gëtt an engem Ronndëschgespréich mat Perséinlechkeeten aus Verbänn, Politik an Akademie debattéiert.

D'Participantë stelle sech och d'Fro iwwer d'Konsequenze vun där Vergaangenheet op d'Bezéiunge mat de Länner am Süden.

Den Här Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht

an humanitär Ugeleeënheeten, hëlt un dëss spannend Debatt deel, esou wéi folgend Participantë:

- den Här Fernand Kartheiser, Deputéierten;

- d'Madamm Sandrine Gashonga, Vertriederin vun Lëtz Rise Up;

- d'Madamm Antonia Ganeto, Vertriederin vun Finkapé

- den Här Kevin Goergen, Doktorant beim C2DH / Uni Lëtzebuerg, zoustänneg fir eng Recherchenaarbecht iwwert d'kolonial Vergaangenheet vum Land;

- den Här Alpha Muyizere, Vertrieder vum Collectif Richtung22.

No engem Begréissungswuert, waert den Här Régis Moes, Conservateur am MNHA, eng kuerz historesch Einleitung maachen a senger Qualitéit als Ausstellungskommissar zoustänneg fir `Le passé colonial du Luxembourg` am MNHA (bis den 6.11.2022) an Auteur vum Buch `Cette colonie qui nous appartient un peu - Congo belge` (éd. Land, Fondation R. Krieps, 2012).

D'Debatt gëtt moderéiert vun der Mme Monique Faber (Chamber TV)

Musée National d'Histoire et d'Art - MNHA




  retour au calendrier